Dir wëllt lëtzebuergesch ënnerriichten? Mir recrutéieren!

Hutt Dir Loscht d’lëtzebuergesch Sprooch z’ënnerriichten ?

Dir sidd motivéiert an dynamesch ! Dir beherrscht d’lëtzebuergesch Sprooch, schwätzt franzéisch an/oder englesch? Dir hutt och pädagogesch oder psychologesch Kenntnisser oder ganz einfach Sproochekenntnisser? Da géife mir eis freeën Iech an eiser Equipe vu Formateuren begréissen ze kënnen! Schéckt eis wann ech gelift direkt Är Kandidatur mat Ärem Liewenslaf iwwert d'Säit "Contact" eran. Merci am Viraus.

 

Wat ass eis Philosophie ?

Mir baséieren eis op eng nei Léiermethod andeems mir déi nei Technologie als pädagogescht Mëttel uwenden. En plus, bidde mir eise Studenten un, d’lëtzebuergesch Sprooch duerch eng Pädagogie ze léieren déi hire Schwéierpunkt op folgend Punkte leet :

 

  • d’Erreeche vu Kompetenzen ;
  • een dem Student ugepasste Léierplang ;
  • e Suivi sou wéi eng individuell Aarbechtsweis ;
  • eng efficace Remediatioun am Fall wou de Student Schwieregkeete begéint.

 

Wat sinn Är Virdeeler ?

 

  • flexibel Aarbechtszäiten : Dir bestëmmt Är Disponibilitéit op Grond vun Ärem Planning (Weekender/Owenter/Schoulvakanzen)
  • Dir schafft vun doheem aus : Dir hutt weder Deplacementsfraisen nach Waardezäiten tëscht de Couren ;
  • D’Aarbechtsmaterial steet Iech online zu Verfügung an garantéiert eng gewësse Fräiheet am Ënnerriichten ;
  • Dir gitt Eenzelcouren.
 

Login

Saisissez votre adresse électronique.
Saisissez votre mot de passe.
En cours de chargement